E puer Ännerungen op Instagram am Februar

Den Adam Mosseri, de Chef vun Instagram, sot datt Instagram am Februar e “Navigatiounsupdate” kritt, mat e puer klengen Ännerungen am Layout vun der App an der Ausriichtung vun de Funktiounsknäppchecher op der Säit.

Enn vum Shop Tab fir direkt op Instagram ze kafen

De Shop Tab op Instagram gouf 2020 zur selwechter Zäit wéi d’Reels lancéiert. Dës “Shop” Fonctionnalitéit gouf erstallt fir d’Benotzer ze encouragéieren direkt op der Plattform ze kafen, a gläichzäiteg Produite vu Marken a Createuren ze entdecken déi op Instagram präsent sinn.

Meta huet de Shop Tab allerdéngs iwwerschat betreffend säi Wuesstemspotential an déi erwaarten Erhéijung vum Online Verkaf.

Trotz der Entfernung vun dëser Fonctionnalitéit kënnen d’Benotzer nach ëmmer Produiten aus dem Feed, Stories, Reels oder Annoncë kafen.

Ännere vun den Tabs am Haaptmenü

Ab Februar wert den Haaptmenü um ennechte Rand vu lénks op riets folgend d’Tabs enthalen: Startseit, Sich, Beitrag erstellen, Reels (hëlt d’Plaz vum Shop) a de Profil vum Benotzer.

Laut Instagram sinn dës Ännerungen e Wee fir “d’Experienze fir d’Benotzer ze vereinfachen“.

TikTok ersetzt Instagram Shopping

TikTok, den Trend an de sozialen Netzwierker, bitt d’Méiglechkeet Produkter direkt op der Plattform ze kafen.

Fir op TikTok ze verkafen, musst Dir hunn:

  • e professionelle Kont mat Biographie, Foto, Logo a Beschreiwung vun Ärer Aktivitéit
  • en TikTok Business Kont
  • e Shopify Kont

Dann füügt einfach e “Shopping” Tab op Äre Profil dobai, deen direkt d’Produiten aus Ärem Shopify Produktkatalog extrahéiert.

TikTok Benotzer kënnen da Produiten duerchsichen, auswielen a kafen ouni d’App ze verloossen.

Braucht Dir Hëllef fir Är Visibilitéit op de sozialen Netzwierker ze verbesseren?