Maacht Är Mailbox eidel: e Geste fir de Planéit

E-Mail ass haut e séiert an ëmmer méi demokratiséiert Kommunikatiounsmëttel. Allerdéngs ass d’Notzung net ouni Konsequenze fir d’Ëmwelt. Wousst Dir datt eng E-Mail ouni Annexe 4 Gramm CO2 generéiert, am Verglach zu 11 Gramm fir eng E-Mail mat engem 1 MB Annexe a bis zu 50 Gramm fir eng laang E-Mail mat verschiddenen Annexen?

Einfach Schrëtt fir de CO2-Ofdrock vun Ären E-Mailen ze reduzéieren:

Limitéiert Är Sendungen

Probéiert d’Zuel vun de geschéckte Mailen ze reduzéieren. Zum Beispill ass et net sënnvoll E-Mailen un Är Kolleegen ze schécke wann déi Persounen am Nieweraum ass. A wann Dir verpflicht sidd e schrëftlechen Noweis ze feieren, denkt drun Är Sendung ze kompaktéiere fir d’Gewiicht an domat den CO2-Ofdrock ze limitéieren.

Deabonnéiert Iech vun ongewollte E-Mailen

Gitt duerch Är Inbox a kuckt no E-Mailen déi Dir net méi wëllt kréien. Déi meescht E-Mailen hunn en Ofmeldungslink um Enn vun der Säit, op déi Dir uklicke kennt fir se net méi ze kréien.

Onnéideg E-Mailen läschen

Sortéiert Är Inbox no Datum a läscht all E-Mailen déi net méi relevant sinn. Dës kënnen al Newslettere, Promotiouns-E-Mailen an aner Aarte vu Spam enthalen.

Archivéiert al E-Mailen

Wann Dir al E-Maile als Referenzen halen musst, awer net wëllt datt se Är Inbox verstoppen, kënnt Dir se archivéieren. Op dës Manéier sinn d’E-Mailen net méi an Ärer Inbox, sinn awer nach ëmmer ze fanne wann Dir se spéider braucht.

Ofgesi vun der Reduktioun vun Ärem CO2-Ofdrock, hëlleft dat reegelméissegt eidel maachen vun Ärer Mailbox, besser organiséiert ze sinn, Stress ofzebauen an Är Produktivitéit ze steigeren. Andeems Dir dës einfach Geste befollegt, kënnt Dir zum Schutz vun eisem Planéit bäidroen.

Also zéckt net, këmmert Iech em Är Mailbox an d’Ëmwelt!

Braucht Dir Hëllef beim Opbau vun Ärer Entreprise am online Beräich?